Nei Opgaang

Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

Neit Geschäft an der Fleischstraße: Peter Kaiser

An der Fleischstraße, net wäit vun der Trier Galerie, ass en neie Schongbuttek opgaangen. D’Peter Kaiser Schongfabrik vu Pirmasens a Rheinland-Pfalz ass déi eelst vun de Schongfabricken, déi nach an Däitschland existéieren. D’Sortiment gëtt vun elo un dann och an engem Geschäft zu Tréier ugebueden. 


Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

Media Markt: Reouverture no Ëmbau

No groussen Ëmbauaarbechte feiert de Media Markt um Rez-de-chaussée vum Alleen Center bei der Gare grouss Reouverture.


Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

Geschwënn ass et esou wäit: D’Drogerie „dm“ um Hauptmarkt geet op

D’Fans vun der Drogerieketten däerfe sech freeën! Den 23. September 2019 geet déi nei Filial vun „dm“ um Hauptmarkt op, mat 900 Quadratmeter Fläch op zwou Etagen.

Bis Enn 2018 huet de schweedesche Konzern H&M d’Verkafsfläche genotzt. Déi knapp 60 Tréirer H&M-Mataarbechter hunn am Dezember mat enger „Mahnwache“ versicht, op hiert berufflecht Schicksal opmierksam ze maachen an ze verhënneren, datt d’Kleedergeschäft zougemaach gëtt. Duerfir gouf d’Ouverture vun der Drogerie am Ufank staark diskutéiert.


Méi dozou …
Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

Fritten Alex geschwënn an der Trier Galerie

An der Trier Galerie geet en neie Snack op. Beim „Fritten Alex“ ginn et deemnächst Currywurst & Co. am Rez-de-chaussée nieft dem Bäcker. Virdru war op där Plaz d’Braterei Betz, déi virun e puer Méint an d’Fahrstraße geplënnert ass.


Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

Deichmann: Reouverture no Ëmbau

D’Deichmann-Filial an der Glockenstraße huet no wochelaangen Ëmbauaarbechten erëm opgemaach. D’Ëffnungszäite vum Schongbuttek si méindes bis samschdes vun 9:00 bis 19.30 Auer.


Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

Karstadt am Wandel

An der Tëschenzäit gouf confirméiert, datt d’Liewensmëttelgeschäft PERFETTO am Sous-sol vum Karstadt an der Simeonstraße Enn des Joers zoumécht. Am Summer 2020 soll eng Filial vun Aldi do opmaachen. 


Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

ELEGANCE: Neie Coiffersalon an der Nagelstraße

An der Nagelstraße gëtt et e weidere Coiffersalon: „ELEGANCE“ ass vu méindes bis samschdes vun 10:00-20:00 Auer op.


Nei Opgaang
© EinkaufsErlebnis Trier

Wonder Waffel elo och zu Tréier

Den 13. Juni 2019 um 16:00 Auer ass um Viehmarkt e Store vu Wonder Waffel opgaangen. De Filialist huet schonn iwwer 30 Standuerter an Däitschland an ass bekannt fir seng selwer gemaache Waffele mat verschiddenen Toppings.