Shopping- & Gastro-News

Nei Opgaang

Neuer Italiener "Lo Stivale" in Zurlauben

In Zurlauben hat ein neues italienisches Restaurant eröffnet. "Lo Stivale" hat von Mo.-Fr. 12:00 bis 14:30 Uhr und 17:30 bis 22:30 Uhr sowie Sa.-So. durchgehend von 12:00–22:30 Uhr geöffnet.

Nei Opgaang

D’Burgerketten „Hans im Glück“ kënnt op Tréier

Fans vun der amerikanescher Kiche kënne sech freeën: Enn 2019 soll an de fréiere Raimlechkeete vun der Commerzbank bei der Porta Nigra eng Filial vun der Restaurantsketten „Hans im Glück“ opgoen.


Nei Opgaang

American Vintage: Deemnächst um Kornmarkt

Deemnächst geet dat neit Kleedergeschäft „American Vintage“ um Kornmarkt zu Tréier op. E geneeën Datum ass eis nach net bekannt. 


wäert plënneren

Reouverture nom Plënneren: Superdry

D’Moudegeschäft Superdry ass vun der Sternstraße an d’Fahrstraße geplënnert an ass schonn op. 


wäert plënneren

D’Apdikt um Viehmarkt plënnert

D’Apdikt um Viehmarkt plënnert de 25.02.2019 vun der Neustraße an d’Fahrstraße. Eis ass leider nach net bekannt, wien elo an d’Raimlechkeeten an der Neustraße kënnt.


mécht zou

De Bistro Hanoi Quan mécht zou

De vietnamesesche Bistro Hanoi Quan am Margaretengässchen ass zou. Et kënnt viraussiichtlech en neien asiatesche Restaurant op déi Adress. Ëm wéi eent et sech handelt, ass eis aktuell nach net bekannt.


wäert plënneren

Den ADAC plënnert am Fréijoer

Den ADAC an der Fleischstraße plënnert am Fréijoer 2019 an d’Böhmerstraße. E potentiellen neie Locataire fir déi grouss Verkafsflächen an der Fleischstraße ass eis nach net bekannt.


Nei Opgaang

Nei opgaangen: Tierkeschen Imbiss „Ali Baba“

An der Brotstraße huet an de fréiere Raimlechkeete vum Eiscafé Calchera den tierkeschen Imbiss „Ali Baba“ opgemaach.


Nei Opgaang

Pasta Pasta elo och an der Nagelstraße

An der Nagelstraße mécht deemnächst, zousätzlech zur Filial an der Palaststraße, e weidere "Pasta Pasta"-Restaurant op.


Nei Opgaang

D’Béierbar Craftprotz huet an der Palaststraße opgemaach

An der Palaststraße huet Craftprotz opgemaach. Déi nei Béierbar wëll méi Béiervillfalt an de Raum Tréier erabréngen. En Treffpunkt fir all déi, déi gär Béier drénken!


mécht zou

Den Allegro an der Konstantinstraße huet zougemaach

De Moudebuttek Allegro an der Konstantinstraße ass vun elo un zou. Et gesäit aktuell duerno aus, wéi wann den Hären- an Dammemoudebuttek „Blum Mode“ do géif erakommen. Wéini d’Geschäft opmécht, ass nach net gewosst. 


mécht zou

LACOSTE an der Fleischstraße huet opgehalen

De Buttek fir Dammen- an Häremoud LACOSTE an der Fleischstraße zu Tréier huet zougemaach. Mir wësse leider nach net, wien d’Raimlechkeeten iwwerhëlt. 

Nei Opgaang

Neit Geschäft an der Brotstraße: Rose Moda

An de fréiere Raimlechkeete vu „Roland Schuhe“ huet en neit Geschäft fir Dammemoud opgemaach. D’Team vu „Rose Moda“ ass vu méindes bis samschdes vun 10:00 bis 20:00 Auer fir Iech do. 

mécht zou

D’Parfümerie Pierre an der Fahrstraße mécht no Chrëschtdag zou

D’Parfümerie Pierre an der Fahrstraße mécht no Chrëschtdag hir Dieren definitiv zou.

Neit Parhaus beim Hauptbahnhof

Direkt beim Tréirer Hauptbahnhof gëtt et elo nei Parkméiglechkeeten. An d’Parkhaus „Am Bahnhof“ kënnt een iwwer d’Schöndorferstraße/In der Reichsabtei an d’Kürenzer Straße.

Nei Opgaang

Deemnächst zu Tréier: X-Comics an der Hosenstraße

An de fréiere Raimlechkeete vu „Fashion Outlet Wegener“ an der Hosenstraße mécht geschwënn eng Filial vun der Firma X-Comics op! Vum 01.03.2019 u kritt een do Fanartikelen zu TV-Serien, Movien, Games, Comics & Manga.

mécht zou

De Bicherbuttek Leuckefeld an der Fahrstraße mécht zou

De Bucherbuttek Leuckefeld an der Fahrstraße mécht deemnächst zou. Wéi ee Geschäft an d’Raimlechkeeten eraplënnert, ass zur Zäit nach net gewosst.

Nei Opgaang

Nei an der Fahrstraße zu Tréier: "Curry by Braterei Betz"

An der Fahrstraße zu Tréier huet en neie Restaurant opgemaach: Bei „Curry by Braterei Betz“ gëtt et vu méindes bis samschdes 11:00-23:00 Auer Currywurst an alle Varianten a. v. m.!

Nei Opgaang

Neit Fachgeschäft fir Naturkosmetik um Hauptmarkt!

Zënter dem 29.11.2018 gëtt et um Hauptmarkt dat neit Fachgeschäft fir Naturkosmetik „Naturel Beauty“. Déi fréier Raimlechkeete vun der aler Filial vun der Parfümerie Pierre, déi deemnächst definitiv zoumécht, ginn zum Deel do nach op onbestëmmten Zäit genotzt.

Nei Opgaang

Treza: Nei opgaangen am Tréirer Posthof!

Nei am Tréirer Posthof! Direkt nieft L’Osteria ass en neie Restaurant opgaangen. Bei „Treza“ gëtt et vu méindes bis sonndes vun 11:30-22:00 Auer griichesch-mediterraant Iessen.